`IWERT MECH!`

 

 

 

Ech heeschen Christophe Wünsch an kommen vun Mamer.

Sin den 17.04.1984 gebuer gin an hun momentan 18 Joer(nach net laang)!

Wann der Ierch vleit froot op ech den Führerschein schon hun, do ass

d`Aentwert-ech fänken ereischt domatt un!:)

Main Brudder huet der 19 an fueren dann matt deem duerch d`Geischend oder ierchentwou hin, ass och relax.

-Hun oft gekrübelt op ech des Säit hei online bréngen soll, oder net, mee hun mech awer

derfier entscheed!

Méng Hobbien un sech sin:Musek lauschtern/an leschter Zäit baal nemmen d`Toten Hosen- mee bon get och ebessi langweileg matt der Zäit(sangen och gaeren obwuel ech wahrscheinlech net kann;-), an den Kino goen, sech matt Kollegen treffen-einfach Spass hun.

Ech kréien oft gesoot, dass ech heinsdo ebessi `mell` sin, froen mech daat heinsdo eierlechgesoot och selwer!

Ech liewen einfach no méngem `Dénken` hier, an probéieren méng Dreem an d`Wirklechkeet emzesetzen(waat net graat emmer klappt), kréien zwar och oft mattgedeelt ech soll erem zeréck `matt méngen 2 Feiss op den Bueden kommen`.

Spontan sin och!*g*

Wann ech Loscht hun eppes ze maan-maan ech et einfach, ech soen elo net, ech maan alles waat ech well, kléngt zwar elo arrogant, mee awer daat meescht.

-Am Sternzeechen sin ech Widder!

Wann ECH MECH mam Ausgesin hier z.B.matt engem vergläichen misst, géif ech mech matt engem vun den Toten Hosen hier vergläichen, Dier fannt wahrscheinlech schons selwer raus weem!:)

Ech probéieren och gaeren Leit ze hellefen, an sin emmer zu jidder Zäit fier een do!

Waat mech nervt-sorry fier deen Ausdrock, ass, dass ech matt méngem (Ausgesin) oft ennerschätzt gin.

Ech hun och baal emmer eng waiss Kapp un-ouni geet et schon baal net méi!:)

An leschter Zäit spillen ech och mam Gedanken fier eng nei Band ze grennen, mee mier feelen nach vill Spillern, hun bis elo nemmen een Bass-spiller fonnt, déi selten ze fannen sin an mier feelen nach 2 déi elektresch Guitarr spillen kennen also 2Guitarristen an een Drummer, op m oder w-ass EGAL!-Ech spillen gaeren deen genre Musek no vun den Toten Hosen, ongeféier, mee leiwer selwergeschriwen Texter, net graat covern!Den Sänger sin ech.:)

Zum Chat:-Ech sin baal all Daach am Chat ennert dem Numm (Feinen_m18) deen ass gesavt,daat heescht, dass ech daat kann nemmen sin an dann hun ech emmer (chatter) geheescht an heinsdo (Breitkop)-déi 2 sin gesavt.

Waat ech am meeschten hassen ass, wann een sech iwert aanerer leschteg mecht((Spass verstin ech schon)), mee awer daat ass net graat waat een Spass nennen kann!

Waat ech elo hei schreiwen soll NET Arrogant kléngen, mee ech kréien oft gesoot, dass ech fier mäin Alter Frühreif sin(hoffen kléngt elo net iwerdreiwen ),matt Frühreif méngen ech elo net  vum Ausgesin hier- mee eischter gesoot vum Charakter hier!*g*

Ech haat bis elo 3Frendinnen an ennert deenen 3 waar eng ECHT Beziehung déi mer iwert alles bedeit haat an duerch méng eeschen Dommheet hun ech déi futti gemeet an och d`Frendschaft matt ménger Ex.:(

Ech haat eng grouss Liichen erzielt, déi ech schon nach bis haut demnowéi bereien!

Sou daat meescht waer`Iwert Mech`gesoot, jo ech sin Letzeboier (Luxlait) *g*, sin an der Staat gebuer gin, dann haat ech bei ménger Boom zu Strossen gewunnt, an elo zu Mamer!

Ech haat een Hausdéier an zwar een Hond deen matt 10 gestuewen ass, well en Moeprobleemer haat an en waar oft krank, an dann haat ech nach 2Hamstern (déi um Alter gestuewen-waaren ausser den Männchen net;)                                                                                 

Ech haat och eng Kaatz gehaat déi mer zougelaaf waar vun méngem Nopper an déi elo och verschwonn ass!(kléng Informatiounen niewenbäi;-)

 

Sou daat meescht hätt ech elo`Iwert Mech`gesoot, wess net waat ech nach`Iwert Mech` schreiwen kann, der wess schon méi, mee  daat geet eischter an d`Perseinlechkeet eran!:) Ajo ech sin aus der Schoul gaangen, well ech dest Joer souwisou net gepackt hätt, waar op 10ième commerce an der Ste.Sophie (haat déi falsch Sektioun gfielt) an sin am gaangen eng Léier ze sichen, waat ech genau maan well wess ech nach net, mee gin awer erem am September an d`Schoul, an d`Ste.Sophie net méi, mee an wéi eng ech gin-muss ech nach kucken./Ass net emmer esou cool aus der Schoul ze sin, wéi een sech daat vleit virstellt!:-)

 

-Ech hoffen den Text`Iwert Mech`waar net ze laang gewiescht an huet net ze vill arrogant an spisseg geklongen, mee waat dran steet méngen ech natiirlech eescht, soss géif ech et méngen ech net dran schreiwen!:)))

 

PS:Hun op der riedzer-Scheller een kléngen Tattoo*g*                                                          

     An zwar deen*Adler*(Symbol)vun den Toten Hosen, vleit kennt een deen?!;-)

 

Christophe Wünsch 

                                                       zeréck