MINISTERE DE LA FAMILLE ET DE L ‘INTEGRATION

 

Poste vacant

 

Les Maisons d’enfants de l’Etat « Staatlech Kannerheemer » siche fir d’Koordinatioun vum Service Treff-Punkt

 

1       MATTAARBECHTER  M/W

Psycholog, Assistant social oder Educateur gradué

20 Stonnen d’Woch

op onbegrenzten Zäit

 

Verlaangte Profil :

-         ee kompletten Zyklus vun deene jeweilege Studien hu matt engem Diplom ;

-         Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen kënnen.

 

De Service Treff-Punkt ass e „lieu d’exercice du droit de visite“ tëschend Elteren a Kanner. D’Arbecht vun der Koordinatioun besteet doranner, d’Demanden opzehuelen an ze verschaffen, d’Visiten ze organiséieren, d’Equipe vun den Accompagnateuren ze encadréieren, u Versammlungen Supervisiounen a Formatiounen deelzehuelen.

 

D’Demande mat Lieweslaf, Foto an den néidegen Diplomer ass bis spéitestens den

 21. August 2005 un den Directer vun den Staatleche Kannerheemer ze schécken.

 

Maisons d’Enfants de l’Etat

B.P. 51

L-3801 Schifflange

Tél. 54 71 67

 

Eng éischt Wiel gëtt op Basis vun den Dossiere gemach.