AvEx as d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat sin Jugendlecher , Meedecher an Jongen, tėschent 11 a 14 Joer. Am Verband vun den Lėtzebuerger Guiden a Scouten gin et zur Zäit 55 AvEx-Truppen verdeelt duerch d'ganz Land, mat 899 Jugendlechen an 249 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen.
AvEx treffen sech
regelmeisseg, 1 mol an der Woch fier eng Versammlung ze
maachen. AvEx maachen Expeditiounen dei iwwer mei Versammlungen
daueren, ewei z.Bsp. mam Thema : Natur, Ritter, Fuesend,...
AvEx maachen och normalerweis all Trimester ee Weekend an engem Chalet,
meechtens als Oofschloss vun enger Expeditioun. AvEx schleissen
hiert Guiden- a Scoutsjoer mat engem groussen Camp, wou se dann an
Zelter schlofen.